All Fra, déi zu Lëtzebuerg wunnt, huet Recht op d’Betreiung vun enger Hiewan bei sech doheem no der Gebuert wärend 2 Wochen.
Bei Keeserschnëtt, dem 1. Kand, Zwillingen, enger Fréigebuert <37SW, gëtt dd’Betreiung op Ordonnance op 3 Woche verlängert.
Des Prestatioune ginn direkt vun der CNS ofgerechent an zu 100% rembourséiert.
Wärend der Betreiung kontrolléieren ech den Allgemengzoustand vun der Mamm a vum Kand, Gewiichtskontroll, Nuebelkontroll, Bluttanalyse (Guthrietest 72 Stonnen no der Gebuert), Soin, ënnert anerem d’Buede vum Neigebuerenen, Begleedung an Ënnerstëtzung wärend dem Stëllen a bei den alldeegleche Froen a Problemer déi optriede kënnen.
En ma présence on peut faire le bain du nouveau-né ensemble et je vous soutiens et encourage pendant votre allaitement.
Ech si frou Iech déi éischt Deeg a Wochen no der Gebuert ze begleeden andeems ech op Är Froen äntweren.
Jee no Noutwendëgkeet kann dës Betreiung op Ordonnance vum Gynekolog oder Pediater verlängert ginn.